Hei ass e klengen Iwwerbléck vun de LASEL Resultater.
Um Streetball Open Mixte vun der LASEL sinn d’Yana, d’Elif, den Emilio, den Axel an den Giovanni éischten an hirer Poule ginn. Mir felicitéieren eiser Equipe fir déi excellent 7ten Platz vun 25 Konkurrenten.
Um Football Outdoor bei de Meedercher könnt d’Equipe aus dem ALR an hirer Poule op déi 2te Platz.
De 5te Mee huet de Ninja Warrior an der Haal vum ALR stattfonnt. Mir gratuléieren eise 4 Ninjas fir de Championstitel. Sie hunn sech an enger Rekordzäit duerch all Statiounen gekämpft!
Op der Journée découverte Padel vun der LASEL konnten den Mathis an den Emilio eng nei Sportaart ausprobéieren.
8 Schülerinnen a Schüler hunn den ALR um Badminton Championnat vun der LASEL fir Minimes non affiliés vertrueden. Mir felicitéieren dem Emma Walisch an dem Nick Ferber fir déi excellenten 4t an 5t Platz vun ganz villen Konkurrenten.
Um Parkour Championnat zu Mamer huelen sech d’Ella Scheer an de Ben Koener de Championstitel fir den ALR.