Am Kader vun der Journée internationale de la Francophonie den 20. Mäerz organiséiert d’Franséisch Departement vum 18. bis den 22. Mäerz eng Semaine de la Francophonie am ALR.
Duerch d’ganzt Gebai hänken Affichen mat engem QR-Code, duerch deen Schüler ewéi och de corps enseignant an non-enseignant Accès op de Quiz kritt. Dir sidd häerzlech invitéiert matzemaachen a kritt d’Chance, e flotte Cadeau ze gewannen. D'Präisiwwerreechung fënnt dann den 22. Mäerz an der Paus virun der Bibliothéik statt.
An deem Sënn: À vos quiz, prêts, partez !