Den 29. an 30. Mäerz hunn d‘6C-Klassen aus dem ALR eng Visitt vun der Leekoll zu Uewermaartel gemaach.
Hei konnten d‘Schüler net nëmme ganz vill iwwer d‘Geschicht vum Schieferoofbau zu Lëtzebuerg erausfannen, mee sech och e Bild iwwer d’Aarbechtskonditioune vun de „Leeëkëpperte“ maachen. Sou konnten si och selwer eng Lee këppen an sech ee schéine Souvenir dra gravéieren. No der Visitt an der ënnerierdescher Koll, wou mir ganz vill iwwer d’Geologie vun eisem Land gewuer gi sinn a vun där hiren Dimensioune mir immens beandrockt waren, huet en Tour mam Zichelchen ee ganz interessanten Dag ofgeronnt.