Leitfaden vun der Etude fir Schüler
-
Du bass verpflicht während der Etude roueg ze sinn an keen ze stéieren.
-
Du muss vun der Etude profitéieren an deng Aufgaben maachen respektiv fir deng Prüfungen léieren.
-
Du solls esou selbstänneg wei méiglech schaffen, du kanns den Erzéier em Hëllef froen wann Schwieregkeeten optauchen.
-
Du muss vum selwen mat dengen Aufgaben ufänken. Op Demande vum Erzéier weist du deng Aufgab respektiv kontrolléiert den Erzéier deng Schoulsaachen.
-
Du muss den Erzéier iwwer d’Prüfungsdatumer a de Prüfungsprogramm informeieren.
-
Zudem muss du eis och d’Prüfungen weisen an da ginn d’Noten am Prüfungskalenner festgehalen.
-
Du muss dain eegend Schreiwgeschir a Material ëmmer dobäi hunn, mir ginn net bei den Noper léinen.
-
D’Prüfungsdatumer a Punkten schreiws du an de Prüfungskalenner an.
-
Du bass verpflicht eis Datumer vun den „épreuves communes“ matzedeelen an déi zwee Deeg virun der Prüfung an der Etude dofir ze léieren.
-
Du muss däi Wochenplang ëmmer dobäi hunn.
 
-
- D’Etude ass all Daag vun 16.00 bis 17.30 Auer am Internat virgesinn
-
All Dag ass minimum 1,5 Stonn Etude
-
-
Prioritär ginn Prüfungen geléiert.
-
Méindes ass Cours d’appui an der Mathematik fir déi Schüler, déi Schwieregkeeten an dësem Fach hunn
-
Mëttwochs ass Cours d’appui am Franséischen fir déi Schüler, déi do Schwieregkeeten hunn.
(D’Prüfungen mussen Owes geléiert ginn.)
-
-
Jiddereen huet seng eege Plaz.
-
Während der Etude ass et roueg, jiddereen sëtzt op senger Plaz.
-
Während der Etude gi keng Strofen geschriwwen. Et gëtt keng Musëk gelauschtert an net giess.
-
Jiddereen benotzt seng eege Saachen. Dir musst äert Geschir wéi Bicher, Wocheplang, Schachtel, Faarwen a.s.w. dobäi hunn. D’Wochepläng ginn regelméisseg kontrolléiert.
-
Gruppenaarbechte ginn während der Etude gemaach, wann et beim Verständnis weiderhëlleft.
-
D’Prüfungsdaten an d’Noten ginn op d’Prüfungsblat agedro.
-
Et stinn Dictionnairen zur Verfügung.
-
Wanns du fäerdeg mam Wocheplang bass, keng Prüfung méi ze léieren hues, solls du Niewefächer léieren.
Owes ass ëmmer nach Zäit fir op der Kummer fir d’Schoul ze schaffen! Hei sollen z.B. Bicher gelies ginn, Prüfungen widderholl ginn...
|