Home :: Internat

Léiwe Schüler

 

Léiwe Schüler

 

Moien!

 

Mat dësem Bréif, dee mir Dir haut schreiwen, wëlle mir eis Freed ausdrécken Dech am September am Internat vum ALR begréissen ze kënnen.

 

Mir wëllen Dir heimat och versëcheren, dass déi ganz Equipe do ass, fir Dir ze hëllefen an Dech an dengem Liewen ze ënnerstëtzen.

Mir ginn eis déi gréisste Méi Dech deen éischten Dag sou gutt ewéi méiglech ze empfänken. Dofir brauche mir deng Hëllef an deng Bereetschaft fir matzeschaffen.

 

Déi Erwuessen aus dem Internat an aus dem Lycée kommen Dir mat Respekt entgéint. Mir erwaarde vun Dir déi nämmlecht Astellung vis-à-vis vun hinnen an vis-à-vis vun denge Komeroden.

 

D’Schüler aus der 7e kënnen den 15ten September ab 16.00–18.00 Auer an d’Internat anzéien.

Fir all déi aner Klassen ass et den 16ten September ab 18.00-20.00 Auer.

 

Sou, dat wier alles fir de Moment. Mir wënschen Dir nach eng schéi Vakanz a freen eis drop Dech mat voller Motivatioun an a gudder Form am September kennen ze léieren.

 

 

D’Erzéierteam vum Internat

 

 

 


Zäit fir méi

 

alr-internat-12.jpg
alr-internat-03.jpg